Changer d'édition

Postcards to Wisconsin (USA)

No laanger Covid-19 Paus konnten d'3GPS1-Schüler aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck endlech op Postkaarten aus Wisconsin (USA) äntweren. Dëst war net nëmmen eng flott Geleeënheet fir hier Englesch Sprooch ze üben, mee den Austausch huet och nach eng enorm wichteg interkulturell Bedeitung. Am spéiden 19. Joerhonnert si vill Lëtzebuerger emigréiert fir en neit Liewen an deene verschiddene 'counties' a Wisconsin ze starten. Deemno huet sech en Deel vun der Lëtzebuerger Kultur an dësem Deel vun Amerika verankert, sou datt haut souguer d’Lëtzebuerger Sprooch nach op verschiddene Plaze geschwat gëtt.


Fir un dës Wuerzelen ze erënneren, huet d'„Luxembourg American Cultural Society“ aus den USA d’Initiative ergraff an dem Frank Schuler aus dem LTEtt d’Iddi proposéiert fir en Austausch ze starten. Postkaarte koumen aus der Cedar Grove High School Wisconcin an sinn dunn bei der 3GSP1 zu Ettelbréck zesumme mat der Madamm Laurence Schaack gelies a beäntwert ginn. Eis Postkaarte si well um Wee zréck an Amerika. Hoffentlech geléngt et eis dësen Austausch oprecht ze erhalen a weider auszebauen!