Changer d'édition

Per Livestream an d’Oktav

All Joer pilgert d’Ecole Privée Sainte-Anne mat hiren Schülerinnen an d‘Muttergottesoktav an et ass ëmmer en Héichpunkt vum Schouljoer – net nëmmen wéinst dem Mäertchen. 2020 ass dat dem Corona zum Affer gefall an och dëst Joer war et opgrond vun den sanitären Moossnamen net méiglech mat 1000 Schülerinnen an 100 Proffen an d’Kathedral ze pilgeren. Mee d’Aumônerie vum Sainte-Anne huet zesummen mat dem Bistum eng kreativ Léisung fonnt. D’Memberen vun der Aumônerie waren mat enger klenger Delegatioun vun der Chorale an der Kathedral an hunn eng Andacht gefeiert, di parallel per Livestream an d’Klassenzëmmer iwwerdroen gouf. Sou konnten d’Schülerinnen an d’Proffen d’Oktav trotzdeem zesummen erliewen. An ënnert dem Joeresthema „Méi staark zesummen“ hunn si zousätzlech an enger witzeger Fotosaktioun gewisen, dass si ëmmer zesummen halen.