Changer d'édition

Installationsfeier Romain Richer an der Par Ettelbréck Saints Pierre- et- Paul


D’Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul huet een neie Paschtouer Installatioun vum Här Paschtouer Romain Richer

Ettelbréck: D’Installatioun gouf während enger einfacher an dach feierlecher Mass an der voller Parkierch zu Ettelbréck gefeiert an dat ënnert der Leedung vum Abbé Felix Steichen, Deche vum Dekanat Zentrum. Am Ufank vun der Mass huet den Här Paul Schumacher, Prësident vum Conseil de Gestion Paroissial (CGP) vun der Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, dem neien Här Paschtouer Romain Richer bausse bei der Entrée de Schlëssel vun der Ettelbrécker Parkierch iwwerreecht, an engems och symbolesch vun de Kierchen aus de Gemenge Colmer-Bierg, Feelen, Mäerzeg a Schieren.

Nom feierlechen Uergelspill an dem Anzuch an d’Kierch huet d’Madame Claudine Lies, Pastoralreferentin an der Par Ettelbréck, den Här Paschtouer am Numm vun der Pastoraléquipe begréisst. Uschléissend huet den Deche Felix Steichen d’Membre vun der Pastoraléquipe virgestallt: Abbé Romain Richer, Paschtouer-Moderator, Père Emidio Plebani, Mission des Migrants, Abbé Jean-Paul Möller, Diakon, Madame Claudine Lies, Pastoralreferentin, Madame Véronique Feller, Pastoralreferentin am Stage, Madame Sara Ferreira, Parassistentin, a Chantal Hubert-Lutgen, Parsekretärin.

Mat konzelebréiert hunn d’Häre Jean-Pierre Heuschling, Paul Colling, Martin Molitor an de Père Emidio Plebani. Sou wéi schons bei der Abschiedsmass vum Abbé Maurice Péporté hunn eng ganz Rei Massendénger vun de 5 Uertschaften aus der Par gedéngt an de musikaleschen Encadrement gouf assuréiert vun de Kierchechéier aus der ganzer Par mam Ettelbrécker Dirigent an Organist souwéi vun de Kanner mat hirem klengen Orchester, an eng portugiesesch Damm huet de Psalm mat vill Gefill gesongen.

Am Ufank huet den Deche Felix Steichen den Abbé Romain Richer virgestallt, jonk, dynamesch, vun Nidderkäerjeng, 2011 zum Priester geweiht, 5 Joer Kaploun an der Par Miersch, duerno 3 Joer Subsidiar an der Par Kordall Sainte-Barbe am Minett a säit 2011och Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. Während der Zelebratioun krout den neien Här Paschtouer eng Rei Déngschter zougedroen: d’Verkënnegung vum Evangelium, den Déngscht um Altor an den Déngscht vun der Leedung.

Nom Schlusslidd vun der Kanner huet den Här Paul Krack, Prësident vum Pastoralrot vun der Par Ettelbréck, dem neie Paschtouer Alles Guddes an eng gut Zesummenarbecht gewënscht, deen uschléissend selwer e puer Wuert un d’ganz Gemeinschaft an der Kierch geriicht huet Aus senge Wierder war däitlech rauszehéieren, dass hie sech op seng nei Missioun zu Ettelbréck freet an dass hien am Ufank virun allem een oppent Ouer fir di vill „nei“ Leit wëllt hunn, a seng Charge an der Ecole Privée Sainte Anne a virun allem do an der Aumônerie souwéi och weiderhi bei der Landjugend eescht hëlt.

Den Här Richer huet betount, datt et och fir Chrëschte wichteg wier ze feieren… wouropshin d’Leit nom wonnerbaren Sortie-Uergelspill op d’Receptioun an d’Ecole Privée Sainte Anne ageluede waren.

Mat folgende Wierder huet den Här Paul Schumacher, Prësident vum CGP Ettelbréck, seng kleng Ried ofgeschloss am Réfectoire vu Sainte Anne: „Dësen Empfang ass den Ofschloss vun der Installatiounsfeier, da si mir fäerdeg… a fir Iech, Här Paschtouer, fänkt d’Aarbecht un. Nee sou ganz richteg ass dat net, ech wënschen Iech an eis alleguerten eng gutt Zesummenaarbecht, déi op géigeseitegem Respekt an Nächsteléift baséiert.“ Uschléissend huet den Här Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf sengersäits am Numm vum Ettelbrécker Schäffen- a Gemengerot den neien Här Paschtouer wëllkomm geheescht an him eng glécklech Hand bei senger Missioun gewënscht huet. (BZ: Den neie Paschtouer Romain Richer (3. vu Riets) gouf feierlich installéiert.)

TEXT: CHANTAL HUBERT- LUTGEN / FOTO: CHAREL REISER