Changer d'édition

Fairtrade-Wochen am Sainte-Anne

Zënter 1992 engagéiert sech Lëtzebuerg fir den Fairen Handel: D’Ziel heivun ass eng Verbesserung vun der Liewenssituatioun vun den Produzenten an den südleche Länner. Si sollen fir hir Produiten fair Präisser kréien an hir Aarbechter en faire Loun.

Och fir d’Ecole Privée Sainte-Anne ass den Schutz vun der Ëmwelt an de natierleche Ressourcen eng wichteg Aufgab. D’Schoul krut schonn am Joer 2010 den Label « Fairtrade School ». Dat ganzt Joer iwwer ginn am Sainte-Anne Fairtrade Produiten benotzt an all Joer gëtt et och eng besonnesch Aktioun: d‘Fairtrade-Wochen, di vum Fairtrade-Grupp zesummen mat der Kichen organiséiert ginn.

Vum 26. Abrëll bis de 7. Mee goufen d’Schülerinnen am ganzen Gebai mat groussen Affichen op d‘Thema opmierksam gemaach. An et ass net bei der Theorie bliwwe: An der Kantin gouf et all Dag Menüen mat Fairtrade-Produiten, woubäi besonnesch d’Fairtrade-Glace vill Succès hat.

E Quiz fir Schülerinnen an Proffen, bei deem een eng flott Corbeille mat Fairtrade-Produkter konnt gewannen, huet di ganz Aktioun ofgeronnt.