Changer d'édition

Aktioun Gléckssteen an der Ecole Privée Sainte-Anne

Am Kader vum Mount « ZesummegéintdeKriibs » huet den CHdN d’Aktioun « Gléckssteen » lancéiert. Et soll een Zeechen sinn fir all déi, déi vun engem Kriibs betraff sinn – eng Aktioun fir de Patienten an de Famille Kraaft a Courage ze ginn. An och d’Ecole Privée Sainte-Anne huet matgemaach. Eis Konschtproffen hunn mat 7es an 6es Klassen iwwer 80 Steng flott dékoréiert an dem CHdN iwwerginn.