Changer d'édition

Ausfluchsdag fir Massendénger

28
sept.
28 sept.

Heimat invitéiere mir all Massendénger (grouss a kleng) op eisen nei organiséierte AUSFLUCHSDAG, e Samsdeg, den 28. September 2019 zu Esch/Uelzecht

Hei eisen Dagesoflaf:

9.45-10.00 Auer: op Der Gare zu Esch-Belval; kuerz Begréissung

Visite vum Héichuewen (180 Träppleker, kee Lift)

no der Visite suergen d‘Scoute vun Esch derfir, datt mir all mat mat enger gudder Grillwurscht a Gedrénks stäerke kennen

am Nomëtteg: Visite vun der Kierch „Esch St. Joseph“ an ee klengen Ofschlossimpuls

+/- 16.00 Auer: Départ fir heem

Fir den Transport op Esch-Uelzecht an erëm heem suergt all Par selwer.
Am Laf vum Dag maache mir natierlech och puer Fotoen an eng Gruppefoto fir op eis Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger resp. fir op cathol.lu an op mywort.lu

Fir dee ganzen Dag (Assurancen, Visiten, Mëttegiesse mat Gedrénks) froe mir fir jiddereen e Participatiounspräiss vun 15 €.

Net vergiessen:

* gutt fest, platt Schong undoen (fir op den Héichuewen)

* sech dem Wierder entspriechend kleeden.

* eng Fläsch (keng Dous an och net aus Glas) mat Gedrénks fir am Laf vum Dag ze drénken


Umeldung: aus organisatoreschen a logistesche Grënn biede mir Iech w.e.gl. Iech den Umeldungsziedel bis spéitstens den 1. September 2019 an der Zentral vun de Lëtzebuerger Massendénger ofzeginn (mat den eenzelen Nimm)

GANZ WICHTEG: Haalt iech w.e.gl un dee Datum. D'Visite vum Héichuewen an och d‘Iessen musse virbereet an organiséiert ginn. Mir mussen och alles op der Assurance mellen. Wien net ugemellt ass resp. wien net iwwerwisen huet, dierf leider deen Dag net matmaachen.

Vergiesst och net fir pro Massendénger/Begleeder 15€ op de Konto vun de Lëtzebuerger Massendénger (LU41 0028 4101 1668 9900 - BILLLULL) z'iwwerweisen. Dir kritt eng Bestätegung wann d'Umeldungsfiche + d'Sue bei äis ukomm sinn. Kann een net matkommen, da kenne mir leider keng Sue méi rembourséieren.

Schéckt w.e.gl. dësen Umeldungsziedel un

Lëtzebuerger Massendénger 5, av. Marie-Thérèse L-2132 Lëtzebuerg

oder FAX: 4 47 43 - 248 oder mailt är Umeldung un: massendenger@cathol.lu

Mat engem Merci fir är Mataarbecht am Déngscht vun de Massendénger

d' Equipe Lëtzebuerger Massendénger




https://cathol.lu/massendenger

massendenger@cathol.lu