Changer d'édition

Busarrêt, Buswendeplatz an Grünanlag mat Beem, anplatz en fortlafende Trottoir!

Erpeldang/Wolz:


Erpeldang mat senger schéiner klenger Kirch, awer mat enger geféierlecher Verkéierssutuatioun, durch déi onverantwortlech katastrophal Buswendeplatz an enger Grünanlag, dovun halschend an der Stroos, anstatt en Trottoir unzeléen.


Des Anlage mecht soss näscht wéi eng oniwersichtlech Platz, an mat vill Knascht durch Blieder am Hierscht, an dem villen Kaméidi vum Service technique vun der Gemeng Wolz, durch hir motoriséiert Kiermaschinen., Bléiser mat Verbrennungsmotoren (CO2 Drecksschleideren), sowéi d'Heckenschéierenmaschinen, fir desen Bësch an der Strooss propper ze halen.

An déi vill Blieder gin awer nach durch den Verkéier (den meschtens mat iwert 50 km/St. ugerannt kéint) bis an Entréen vun den Häiser geblosen, wou Uwunner dann Sauerei hun fir ewech ze man.

An dobai leie mer hat zu Erpeldang an enger Landschaft mat lauter Bësch rond rem, also keng Ursach och nach e Bësch lanscht Häiser unzeplanzen.


Dat sën onhaltbar Zoustän, besonnesch wann durch dat Uléen vun dëser onadäquater Grünanlag, nach privat Terrain nach als "Trottoir public" benotzt an mëssbraucht muss gin.


An dat am Zentrum vun Erpeldëng, op der vill befuerener CR 325 vu Wolz op N7: (Eschweiler-Wilwerwiltz-Drauffelt-Weicherdingen- Eselborn-Clerf-Munshausen-Marnach-Hosingen), niewend enger Crêche an der Kierch.