Changer d'édition

Zodi a Skuriles a verschiddene Gemengen an Aneres, an dat op Nationalfeierdag


Eigentlech wollt ëch haut entspaant op den Nationalfeierdag waarden, nodeems datt ëch gëschter Owend nach séier déi 4 Deeler vn dër laanger Staang mam Lëtzebuerger Fändel ënnert der Wierkbänk a méngem Atelier erausgezunn a mat 2 Schrauweschlësselen zesummegeschrauwt hunn.
Wéi ëch awer lo d'WORT an d'TAGEBLATT um 5 Auer ugefaang hunn ze liesen, du hunn ëch ëmdisponéiert.
Dir frot eech vläicht wéisou. Abee, ëch hu mech nit méih gepackt, fir grad um Dag vrun eisem Nationalfeierdag Saachen ze monéiren, déi mir elo an och an de lèschten Deeg nawell iwwel eropgestouss sinn. Als Awunner vun der Ierpeldenger Gemeng zënter Jorzéngten intresséiren ech mech natirlech fir d'Gemengerootssëtzungen. Dee lèschte Gemengerootsbericht stong am WORT vum 20. Juni 2019 a war verfaast vum Arlette Schmit, seriös Lokalreporterin. Iwwerschriwwen ass de Rapport mat: An der Grenze des Machbaren.
Ze liese sinn op d'mannst 3 Saachen, déi rätselhaft, wann nit souguer skuril, fir de Lieser sinn:
- Déi provisoresch Schoulorganisatioun 2019/2020 huet déi Verantwortlech vun der Gemeng un d'Grenzen vun dem Realiséierbare gefouert. Schold drunn ass trotz manner Schüler d'Festsetzung vu manner Schoulstonnen wéinst dem ongerechte "Sozialindex". Den Här Claude Meisch kritt eng plainte geschéckt!
- an der Gemeng wunne Kanner, déi d'Solfègecoursen vun der UGDA besichen an een Instrument zu Ierpeldeng spille léiren oder am Conservatoire CAPe zu Ettelbréck. Och wann e mat enger zolidder Portioun Schaarfsënn eng Erklärung fanne kann, erféiert een, wann do Stonnepräisser vun 2.800 respektiv (am Conservatoire ) 5.175,96 Euro verlaangt ginn. dat fënnt och de Buergermeeschter a séng Kollegen vu Colmer-Bierg.
- lèschte Punkt vum Ordre du jour: Zu Ierpeldeng gouf elo och eng Läich am Keller fonnt! D'Ofschlossrechnung iwwert d'Uleën vun 2 Tennisfelder a vum Bau vun engem Clubhaus am Gruefwee, dat schonns vrun 8 Joer ofgeschloss gouf , ass nees um Menu. Also lo muss endlech ofgeschloss ginn.
De Fausti, mëttlerweil 78 Jor, deen am TAGEBLATT op 2 Säiten vun enger Journalistin doheem zu Réiden interviewt gëtt, hätt sech trotz haarde Réckschléi an de lèschten 2 Jor, heiriwwer kapott gelaacht an dem Jang Linster ugeruff, hee soll een Text fir een neie Faustihit heiriwwer schreiwen.

Méi schlemm fannen ëch grad haut d'Tatsaach, datt och an anere Gemengen Rapp a Klapp ass, do liest ee vu Kakophonie. De Michel Wolter wëll de Kanner aus enger Nopeschortschaft de Besuch vun der Musékschoul verbidden.
Zu Wäiswampech wëll de Buergermeeschter mordikus säi Fräizäitkonzept alle Krtiken zum Trotz duerchboxen nom Motto: Nëmmen iwwert méng Läich.
Zu Ettelbréck ass décken Zodi, well d'Gemeng ee Videoclip an Optrag gëtt, wouran Ettelbréck als eng charmant an attraktiv Stad duergestallt gëtt an dobäi vergësst a virgehäit kritt, dass dat an d'Kompetenz vum Ettelbruck City and Tourist Office fällt, Déi wäerte schwäiwell ginn! Da steet am Schoulhaff schonn ee Jor laang ee Brennuewen, deen d'Léierpersonal bestallt hat. Dee passt zu kenger Dir a kenger Fënster eran. Lo gëtt an der Vakanz derfir gesuegt, datt d'Dir erausgerappt an een Duerchbroch virgeholl gëtt, sou datt deen Appararat, deen sëch nit vuneneenhuele léist, an dat Zëmmer erapasst, wou en hisoll. Merde alors! (Copyright Jean Asselborn)
Niewebäi bemierkt, de Gybérien's Gast entgeet engem Prozess (WORT vun haut, 22. Juni op Säit 4).

An der Gemeng Biissen ass déck Loft. De Buergermeeschter(CSV) fillt sëch am Stéch gelooss vun sénge Schäffen (och CSV). D'Ofännerung vum PAG gouf mat 4 vu 5 CSV-Stëmmen a 5 Enthalungen vun der Oppositioun, guttgeheescht. 4 mol jo vun 9, dat ass demokratesch gesinn eng Ofleenung. Souwisou brauch eist Land kee Gigant à la Google. Déi zeg Hektare Land kënne méih sënnvoll genotzt ginn.
Mäi Frënd Jean-Paul vun Dikrech schreift a séngem Lieserbréif am WORT vun haut (Titel: Le déclin) an engem geschlaffene Franséisch, datt an eisem "petit Duché", an eiser micro.Natioun villes faul ass. Eis schéin Haaptstad ass nit zougänglech; wéi soll een dohi kommen, wann een ëmmer am Stau steet, Nuets wir ët eventuell méiglech, mee dann ass näischt lass an der Stad an déi vill Tunnellen gi gespärt wéinst Maintenanceaarbechten. De Wuelstand huet eis an eng egoistesch "morbid" Gesellschaft verwandelt, an där eis Politiker sech gäre sonnen bei all Dëppefest an do geblëtzt a gefilmt ginn , fir deen Dag duerno grouss an de Medien ze gesi sinn.
Am Internet sinn iwwer déi Drecksschleideren vu Kreuzfahrten (z. B. Päischtcroisière) Honnerte vu Biller ze gesinn. Do sinn der drënner, déi verwackelt sinn, wou een d'Aan zouhuet, de Mond verzitt oder sëch grad d'Nues schnäizt. Déi Biller sinn dann nach ze kréien iwwert Bestellung, nit gratis.
Iwwert d'Feier vun eiser Arméi een Donneschdeg, 20.6.2019 op der Kluuster zu Dikrech mat uschléisssender Parade sinn vun engem Här, deen ausnahmsweis alleng am Plaz soss zu 2 sou Biller offréiert. Deene Borschten recommandéiren ëch d'Lektür vum Här Fern Morbach sénger Rubrik "Achtung, Durchsage!" am TÉLECRAN vun dëser Woch, der Nummer 26/2019. Titel: Rettet das Foto
Hei mécht den Här Morbach de feinen Ënnerscheed tëscht Biller a Fotoën. Soss setze mir, an den Internet Biller, wou eng Moss als Bekleedunsstéck soss näischt unhuet wéi hir Ouerréng (dixit Fausti).
Biller si Massewuer, mee d'Foto muss gerett ginn.

Trotzdeem e schéinen Nationalfeierdag, doheem, an der Stad oder vrun der Telé.