Changer d'édition

Verspéite Chrëschtkaddo fir d’„Sos Kannerduerf Lëtzebuerg“

De Club des Jeunes vun Ierpeldeng-Sauer huet leschte Samschden zu Angelduerf, Bierden an Ierpeldeng d’ Chrëschtbeemercher agesammelt.

D'Awunner ware frou datt d’Membere vum Club des Jeunes hinnen dës Aarbecht ofgeholl hunn an deementspriechend häerzlech sinn déi Jonk aus der Gemeng dann och empfaange ginn.

Erméiglecht gouf déi flott Aktioun, nieft dem Asaz vum Club des Jeunes selwer, awer just duerch d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Baueren aus deenen 3 Dierfer.

D‘Ewechhuele vun de Beemercher wéi och d’Sammele vun Donen sinn eng Traditioun déi scho méi laang besteet.

Dëst Joer gëtt de stolzen Erléis vun 2.700 € un d’Fondatioun „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“ gespent. D’Iddi dobäi ass datt déi Jonker aner jonk Leit wëllen ënnerstëtzen. Dësen Don soll konkret fir d’Kanner bei den therapeuteschen Déieren- a Konschtatelieren agesat ginn.
De Club des Jeunes mat senge 55 Membere seet de ville Spender, déi si op hirem Tour begéint hunn, VILLMOOLS MERCI!