Changer d'édition

De Kleeschen op Besuch am Schoulzentrum Ierpeldeng

De Kleeschen a säi Gesell den Houseker haten trotz viller Aarbecht em dës Zäit de Wee bis an de Schoulzentrum Ierpeldeng op sech geholl. Wéinst Corona leider ouni datt Kanner an der Schoul waren. Si wollten sech awer net entgoen loossen fir déi vill a ganz flott Bastelaarbechte selwer ze bewonnert déi d'Kanner gezaubert haten. Mee och d'Bilanen a Prüfungshefter hunn se sech ugekukt, fir ze gesinn ob d'Kanner sech dat ganzt Joer gutt dru ginn hunn an och ëmmer der Joffer oder dem Schoulmeeschter gefollegt hunn.

Dëst war eng Aktioun vum Syndicat d'Initiative a gudder Zesummenaarbecht mam Club des Jeunes Ierpeldeng an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer!