Changer d'édition

De Kleeschen an de Houseker waren an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer ënnerwee

E Samschden hat de Kleeschen sech mat sengem däischtere Gesell op de Wee bei déi brav Kanner aus Angelduerf, Bierden an Ierpeldeng gemaach. An dat trotz senger ustrengender Nuetsschicht déi um Virowend vum 6. Dezember nach virun him louch.

Kleng, manner Kleng a Grouss hunn sech immens iwwert säi Besuch gefreet, och wann den Houseker emol ee méi eescht Wuert mat verschidde Kanner huet misse schwätzen. Fir déi brav hat de Kleeschen eng Titchen derbäi.

Dëst war eng Aktioun vum Club des Jeunes Ierpeldeng, an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'Initiative a der Gemenge Ierpeldeng-Sauer.