Changer d'édition

LYCEE PRIVE EMILE METZ - MËTTWOCHS, DEN 19. Juni 2019 vu 16h30 bis 19h30

19
juin
2019
19 juin

Äert Kand geet an de Secondaire Général...

De Lycée Emile Metz ka mat Houfert op eng 100-järeg Traditioun zeréckkucken. Gläichzäiteg sinn seng modern Ariichtungen a säin Knowhow ganz op d’Zukunft geriet.

Den LPEM bitt am Enseignement Général


* d’Voie d’Orientation – classes inférieures :


- 7G – 7e d’observation

- 6G – 6e d’orientation

- 5G – 5e de détermination

- Hei ass d‘7e P-G eng Exklusivitéit vum LPEM !


D‘Kanner, déi nom Fondamental op eng 7eG wollten, an awer an d‘Voie de Préparation (7eP) orientéiert gi sinn, hunn hei d’Méiglechkeet, dank engem spezifeschen Encadrement mat engem ugepasste Stonneplang an Cours d’Appuien an allen Haaptfächer, hire Retard opzeschaffen. De motivéierten a fläissege Schüler huet an dem Projet Pilote all Viraussetzunge fir duerno op enger 6eG weiderkommen.


* No der 5ème bidd den LPEM


Classes supérieures


- D’Section de l’ingéniérerie (4GIG / 3GIG) an d’section informatique (2GIN / 1GIN)

De « Régime Technique », dee bei Reussite vun der 1ère GIN (section informatique) mam «Diplôme de fin d’études secondaires générales » ofschléisst

-

- d‘«Formation de Technicien» (DT):

4TP an der 3TP (Smart Technologies a Mechanik)

engleschsproochege Klasse mat Informatik, Smart Technologies, Mechanics

- an d‘«Formation Professionnelle»(DAP)

vun der DP1 bis d'DP3 a folgende Beruffer:

- électronicien en énergie (Energieelektroniker)
- menuisier-ébéniste (Bau-und Möbelschreiner)
- constructeur métallique (Konstruktionsmechaniker)
- mécanicien industriel et de maintenance (Industrie-und

Wartungsmechaniker)
- mécanicien d'usinage (Zerspanungsmechaniker)


Souwéi eng Besonneschkeet vum LPEM

- AML


Den LPEM ass déi eenzeg Schoul am Land, déi d'Ausbildung vum « Mécanicien d'Avion » (Flugzeugmechaniker) mat international unerkanntem Diplom ubitt.


Wat ass am LPEM sou besonnesch?


En optimaalt Aarbechtsklima, eng sympathesch Ambiance déi begënschtegt gëtt duerch den iwwersiichtleche Kader (+/-550 Schüler).

Enseignanten déi och ausserhalb vun de Schoulstonnen am Lycée erreechbar sinn.

Um schoulesche Plang, eng Betreiung déi duerch e besonneschen Encadrement , Etudes Surveillées, a Cours d’Appui pro Klass a pro Fach d’Schüler net eleng léisst an der Preparatioun vun hirer Aarbecht.

De Kontakt zwëschen Elterenhaus an Enseignanten ass eng Traditioun déi besonnesch gefleegt gëtt.


Ausserdeem verlaangt den LPEM kee Schoulgeld!


Am Beräich Niewenaktivitéiten, hunn d’Schüler vill Choix:


Technik an Informatik:


Makerspace ModellbauElektronikworkshop

Sport:


FussballBadmintonVolleyballBasketballFitness ....

Gesellschaft a Kultur:


d’Scoutstrupp « Les Loups Blancs »eng eege Musik: d' « Metzeband »eng Theatergruppe Schachclub

Aschreiwe kann een sech op der Porte Ouverte oder vu Méindes bis Freides am Sekretariat oder um www.lpem.lu