Changer d'édition

Déifferdenger Kaeschtefrënn spenden 12.600 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Och dëst d'Joer hunn Kaeschtefrënn vun Déifferdeng hir Kaeschte verkaf, wann och net a gewinnter Form. Sie hunn mat Hëllef vun hirer Gemeng an der Acom iwwert ee puer Deeg an der Woch konnten ee Stand mat hire Kaeschte garantéieren. Mat ganz vill Ansatz a Freed hunn sie an engem spezielle Joer et awer fäerdeg bruecht fir puer Associatioune mat hirem Verkaf kënnen ze ënnerstëtzen. D'Fondatioun Kriibskrank Kanner huet ee ganz generéise Scheck vun 12.600.- € vun den Déifferdenger Kaeschtefrënn iwwerreecht kritt. www.fondatioun.lu