Changer d'édition

Velo Club Dikrich: zu net vill, awer di best.

Op Grëngen Donnischdig haat de Velo Club Dikrich op seng Generalversammlung am Café Dikricher Stuff invitéiert, fir d´Jar 2017 Revue passéieren ze loossen an en Ausbléck op di nei Stroossesaison ze gin.

Am Ufank gouf u verstuerwe Frënn vum VCD geduecht: den Ed. Carier, de Jos. Leyder, d´Gisèle Grosbusch an och de Jempy Schmitz. D´Randonée, di säi Numm dréit, ass den 12. August 2018.

Dem President Garry Speicher no war 2017-18 e gruusse Cru mat 3 Championstitelen (Søren Nissen am Cyclocross bei der Elite a Jang Leyder suwuel am Cyclocross, wi op der Strooss bei den Débutants), de Goldmedaille vum Søren Nissen a Pit Leyder bei de Spiller vun de klenge Länner a San Marino, an dem Pascal Ley séng 2. Plaz bei de Masters op der Strooss, an dem Misch Leyder séng 2. Plaz beim Cyclocross-Championnat bei den U23).

Ouni d´Hëllef vun den Elteren, de Sponsoren Majerus-Parmentier vun Housen, Luxcomm vun Alcudia (Mallorca), der Police, de Gemengenaarbichter an dene vun de Ponts&Chaussées, suwi der Arméi an dem Syndicat d´Initiative, der Brauerei an dem Jacquy Link vum Chev Handball an dem Lions Club, wier et net méiglich geweesst, de „Jempy Schmitz“ an den „Tour de Luxembourg“ ze meeschteren.

Am Rapport d´activités vun der Sekretärin Betty Kinn war vun 1200 Participants bei der Europäischer Woch vum Cyclotourissem zu Dikkrich a vun 820 bei der Randonnée Jampy Schmitz rieds. Mam Bénéfice krut d´APEMH e Scheck vun 10.000.- EUR.

De Rapport financier vun der Trésorière Pierrette Speicher-Ercolani hott mat engem zolitte Gewenn ofgeschloss, dëst wéinst der Etape vum Tour de Luxembourg um Härebierg, déi awer 2018 aus Kontraktgrënn net gefuer gëtt. 2019 ass et da neess su weit.

Am Rapport sportif hott sich de Vize-President Joel Kinn houfrig gewisen, datt di puer Coureure de Numm vum Veräin a vun der Stad duerch hir Coursen am In- an Ausland, op EM a WM bekannt maachen. Daat hott och de Fränk Thillen aus dem Dikricher Gemengerot nëmme konnten ennerstreichen.


https://vcdiekirch.jimdo.com/