Changer d'édition

VC Dikkrich 25% vun de Coureure si Champion

Velo Club Dikkrich : 25 % vun den aktive Coureure si Champion
Al Erënnerunge koumen op, wi de President Garry Speicher am Restaurant Tivolio zu Dikkrich d´Generalversammlung 2017 vum Velo Club Dikkrich opgemaach hott. De Veräin zeelt am Ablack 8 Lizensiërter, ma dovunner sin de Pascal Ley Champion bei de Masters op der Strooss an de Jang Leyder Champion bei den Débutants (U17) am Cyclocross. Fir mi Coureure erun ze ziichten, ass Samsdesmoies vun 9h30 bis 12h00 bei der Dikkricher Schwämm e Mountainbike Training, wou jidderee wëllkomm ass, fir Basiskenntnisser bäibruecht ze kreien.
Am Laf vum letzte Jar gufe 550.- Euro un den Télévie iwwerwisen an am Kader vun der Randonnée Jempy Schmitz konnten der asbl Arcus Kannerhaus vun Eechternach 5.000.- Euro fir hire Velosfuerpark gespent ginn.
Fir 2017 stinn e puer gruuss Evenementer virun der Dier: Sonndes, de 14. Mee si Course fir all Kategorien op engem ofgespaarte Circuit zu Housen an der Industriezone op der Héi.
Samsdes den 3. Juni kënnt den Tour de Luxembourg um Härebierg un, andeems d´Coureuren 3 Mol dorobber fueren, an iwwert d´Dräibunn, de Këppenhaff a Branebuerg rëm op Dikkrich an de Bamerdall zréck kommen.
Vum 22. bis 29. Juli ass di Europäisch Woch vum Cyclotourissem zu Dikkrich, wu sich well bis elo iwwer 1000 Cyclotouristen aus ganz Europa ugemellt hunn, di all Dag 3 verschidde Circuite kënne fueren an an Zesummenaarbicht mam ORTAL an dem Dikkricher Syndicat d´Initiative. Och d´Dikkricher Geschäftswelt wäert e Plus un Emsaatz hun. De Nationalen Dag vum Vëlo geet dann och an där Woch iwwert d´Bühn.
Den 13. August ass dann di 25. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz, wou d´Cyclotouristen dëst Jar eppes Extraes erwaart. Et gëtt nämlich en Trikot vum Jempy Schmitz ze kafen, am Originalstoff, grad su wi en an de 50er a 60er Jare gedro guf.
De Vize-President Joël Kinn koum op d´Resultater ze schwätzen, wou de Søren Nissen de Marathon Weltcup zu Haufelescht an der Belsch gewonnen hott, eng Disziplin, di leider an der Lëtzebuerger Press nach net bekannt genuch ass. Ma wann de Søren Nissen elo di Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, géif de Numm Lëtzebuerg och a Mountainbikes-Kreesser ganz dacks ganz uewen am Classement stoen. De Jang Leyder hott an der ganzer Cyclocross-Saison just eng eenzig Course bei den U17 net gewonnen, an där war heen den 2. Um Championnat op der Stroos haat heen de Podium just verpasst. Säi Brudder Misch Leyder war 3. bei de Junioren (U19) op der Strooss. An den eelste vun de Leyder-Brothers, de Pit, koum och op de Podium um Cyclocross-Championnat. Allen 3 vertreede si den Dikkricher Veräin och op internationalem Niveau an den FSCL-Equippen, woubäi de Pit zanter Juli 2016 och nach am Trikot vun der Equipe Leopard fiert.
De VC Dikkrich finanziert sich just iwwer aussersportlich Aktivitéiten an de Verkaf vu sengen Trikoën. Sponsore ginn et keng, wat awer de Virdeel hott, net all Jar nei Trikoën drécken ze mussen.
No den obligatorische Mercien un d´Gemeng an d´Entente vun de Sportveräiner, di vum Yves Clausse vertruede war, goung d´Generalversammlung mat enger Pizza op en Enn.
www.vcdiekirch.jimdo.com www.arcus.lu;