Changer d'édition

Net vill, ..... awer gudder

Net vill … awer gudder


Mat dëse Wierder hott de President Garry Speicher vum VC Dikrich d´Generalversammlung 2019 am Restaurant „A8clos“ an der Garerstrooss zu Dikrich ugefaang. D´Coureuren aus dem Veräin si zwar net zu vill, ma si hun awer 3 Championstittelen erausgefuer .De Pit Leyder bei den U23 (Espoirs) op der Strooss a Søren Nissen am Mountainbike Cross Country an am Marathon Mountainbike. Derbäi komme nach 3 Vizechampionstittelen: Pascal Ley géint d´Zeit bei de Masters, Misch Leyder am Marathon Mountainbike a Pit Leyder géint d´Zeit bei den Espoirs. Di zwing eelst Leyder-Bridder fueren dëst Jar zesumme bei Leopard Pro Cycling op Kontinental-Niveau.


Grand Prix majerus parmentier am Mee zu Housen


An Zesummenaarbicht mat Veräiner aus der Gemeng Park Housen organisiert de VC Dikrich Coursë fir all Kategorien den 12. Mee 2019. Junior/Elite fueren e Critérium, wou et all 6. Tour Punkte gin a net unbedingt um Enn dee gewënnt, den als ischten iwert d´ligne d´arrivée fiert.


Arrivée vum Tour de Luxembourg am Juni um Härebierg.


Den 8. Juni 2019 ass d´Kinniksétape vum Škoda Tour de Luxembourg mat Arrivée um Härebierg. Hei hofft de ganze Veräin natierlich op eng Widderhuelung vun der Leestung vum Pit Leyder, den 2018 op eng super 3. Plaz am Generalklassement koum.


Mountainbike Championnat am Juli zu Dikrich


E Merci goung un di verschidden Instanze wi Police, Syndicat d´Initiative, Gemeng a Ponts-et-Chaussées, op déi ee sich zu Dikkrich ëmmer ka verloosse, wa se gebraucht gin. Dofir organisiert de VCD den 21. Juli 2019 di national Meesterschaften am Mountainbike op enger ganz neier Streck geentiwer der aller Schwämm, an de Wise bei den Eselen an am Bësch ënnert dem Deiwelsälter.


VC Dikrich Kandidat fir Championnat 2021


2021 gin et 70 Jar, datt den Tour de Luxembourg fir di ischte Kier zu Dikrich ukoum an et ass dem Verein dofir eng Iër, fir d´Organisatioun vun de nationale Meesterschaften op der Strooss ze kandidieren. Dëst hott dem President vun der FSCL, dem Här Camille Dahm, als Vertreeder vun der Federatioun, natierlich vill Freed gemaach, bedeit et dach eng Suerg manner fir heen.

No enger Gedenkminutt fir de fréiere President Pierre Speicher hott de Sekretär a Vize-President Joel Kinn de rapport d´activités gemaach, wou di ischt Randonnée Jempy Schmitz nom Dutt vum Coureur mat 800 Lett e vollen Erfollig war. Di 2019er Editioun ass den 11. August 2019.

D´Keess gouf weenst neien Uniformen nawell zimlich belaasst, ma daat amortisiert sich iwer di nächst Jare, well keng Sponsore musse rofgeholl resp. derbäi gesat gin. Nom Accord vun de Keesseréviseurinnen Denise Kinn an Annette Kanivé krut d´Caissière Pierrette Speicher d´Entlaastung an e Bukki Blumme fir 10 Jar Responsabilitéit fir d´Finanzen. Blumme gufen et och fir d´Betty Kinn, dat aus Zeitgrënn d´Sekretariat un dee freschgebakene Pensionnaire Joel Kinn ooftrëtt.

Eng gutt Lasagne hott den hongrige Coureursmo duerno rëm gutt gefëllt.

Nei Internetsäit

Op https://vcdiekirch.jimdo.com/ informéiert de Veräin iwer all d´Aktivitéiten, an do kann een och Kontakt opholle, wann e wëll neie Member gin oder einfach en Trikot wëll bestellen.