Changer d'édition

Mat 66 esou sportlich wi nie

66. Generalversammlung vum Velo Club Dikkrich – Nei Uniforme fir Coureurë sin och am fräie Verkaf.
Viru kuerzem konnt de President Garry Speicher d´Membere vum Velo Club Dikrich fir di 66. Generalversammlung an der Dikkricher Stuff zu Dikkrich begréissen. A Präsenz vum neie Verbandspresident Camille Dahm ass en du kuerz op d´Geschicht vum Veräin agaang, dee 1950 gegrënnt gouf.
Duerno war et hum Vize-President Joel Kinn, deen di sportlich Erfolliger vun den Dikkricher Coureure nach eng Kéier ernimmt hott. Bei de Masters gouf de Pascal Ley Vize-Champion am Cyclocross an de Pit Leyder koum bei de Juniore suwuel am Zäifuere wéi an der Stroossecourse op de Podium. Op der WM zu Richmond (USA) gouf hien am September 2015 10. An domat beschte Letzebuerger.
D´Trésorière Pierrette Speicher konnt en erfreeliche Boni bei de Finanze bekannt gin, dest e.a. wéinst der Brochure vun der Arrivée vum Tour de Luxembourg. D´Organisatioun vun de Jugendcoursen zu Bettendreff ass , grad wi an dene Jahre virdrun, e Minusgeschäft.
De Joel Kinn goung dann op d´Grënnung vun enger eegestänniger Mountain-Bike Equipe mat UCI-Lizenz an, wou de Søren Nissen den Haaptfuerer ass, den a nächster Zukunft och Lëtzebuerger gëtt, an domadder anere Letzebuerger Coureure kann hellefen, UCI-Punkten fir seng nei Heemicht ze sammelen.
Haaptpunkt war awer d´Présentatioun vun dene neien Trikots. Ganz am Rétro-Look si se an den Dikkricher Faarwe: geel a blo, an dest ouni weider Reklamm. Dofir kann och jiddereen, ob Member oder net, se beim President speibike@pt.lu bestellen.
Am Comité sin: Garry Speicher (President), Joel Kinn (Vize-President), Betty Kinn (Secrétairin), Pierrette Speicher-Ercolani (Trésorière), Jo Breuer, Kevin Grobel, Marc Kerschenmeyer, Joé Leyder a Franҫois Marques (Memberen).
Di nächst Manifestatioun sin d´Jugendcoursë Päistsonndig, de 15. Mee mat Départ an Arrivée zu Gilsdref beim Kierficht.

Foto vu lénks no riets Jang Leyder, Misch Leyder, Søren Nissen, Pit Leyder