Changer d'édition

90.Gebuertsdag vu engem Maacher Meedchen zu Dikrech

Dikrech. Am Krees vun der Famill a vu Bekannten huet d'Madame Triny Thiel-Welsch am Hôtel Beau-Séjour hiren 90. Gebuertsdag gefeiert. D'Jubilarin gouf den 2. Mee 1929 zu Gréiwemaacher als éischt vu véier Kanner am Stot vum Michel Welsch, genannt de Berliner, a vum Elise Achten gebuer. De 15. November 1949 huet déi jonk Fra sech mam Jäng Thiel vu Wecker bestuet, deen Zwangsrekrutéierte war an als Dréier op der „Usines de Wecker“ geschafft huet. 1951 ass d'Famill op Dikrech geplënnert, 1966 op Gilsdref an 1987 nees zréck op Dikrech. Aus dem Bestietnes sinn zwee Jongen ervirgaangen: de Michel, dee leider 2005 vill ze fréi gestuerwen ass, an de Fernand. Déi dräi Enkelkanner Andy, Jeff a Svenja sinn de Stolz vun der Boma. Schons 1981 ass d'Triny Thiel-Welsch Witfra ginn. Vun 1965 bis 1980 huet sie am Hôtel-Restaurant Infalt zu Dikrech op der Gare geschafft, wouhinner sie all Dag mam Velo gefuer ass. Zënter 2012 ass d'Servior-Fleegeheem „Bei der Sauer“ zu Dikrech hiert neit Doheem. Bei enger relativ gudder Gesondheet huet d'Gebuertsdagskand näischt vu senger Liewensloscht agebéisst, déi sech nach ëmmer och an der defteger Maacher Mondaart ausdréckt.