Changer d'édition

40 Joer « Amicale Garnisounsmusek Dikrech »

Viru kuerzem hat d’Amicale Garnisounsmusek op Dikrech an de Centre ,,Al Seeërei“

invitéiert, fir hiren 40. Gebuertsdag ze feieren. De President Nico Castermans konnt als Vertrieder vun der Arméi de Kommandant vum Härebierg Yves Kalmes an den UGDA-

President Gilbert Girsch begréissen an ass a séngem historesche Réckbléck op déi wichtegst Momenter säit der Grënnung agaang.

Zwou Formatiounen sinn ugetrueden, fir de musikalische Programmm vun dësem Owend ze gestalten, den ,,Ensemble Vocal Vivace“ vu Käerjéng ënnert der Leedung vum

Ulric Evrard an d’Harmonie des Sapeurs Pompiers d’Athus“ ënnert der Baguette vum Jean-Luc Becker.

Mat gefällege Melodien konnten d’Sängerinnen an d’Sänger d’Nolauschterer op den usprochsvolle Programm vun der Harmonie astëmmen a mat engem laangen Applaus

huet de Sall fir déi zwou Perfomancen merci gesot. 8 Musikanten, déi säit 1979 nach ëmmer an de Reien vun der Amicale musizéieren, sinn mat engem passende Cadeau

geéiert ginn an hunn de Gebuertsdagkuch opgeschnidden, dee jidderengem gutt geschmaacht huet.