Changer d'édition

Concert

21
juin
2019
21 juin

D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech invitéiert ganz häerzlech op hire Concert den 21.6 um 20 Auer an der aler Kierch zu Dikrech. Um Programm sti Extraiten vun Summer a Fréijoer aus de Joreszäiten vum Haydn, mee och moderne Stécker vun Iving Berlin, Sting, George Gershwin an Ola Gjeilo. Begleed gëtt dëse Concert vun Jos Majerus um Piano an engem Sträichquartett. Als Soliste wierken mat d’Gaby Wolter-Boever, Marc Dostert, Jean-Paul Majerus a Manfred Logeling. Dat Ganzt steet ënnert der Direktioun vum Andy Loor. Den Entrée ass 10€ pro Persoun.