Changer d'édition

"Grouss Botz emol anescht" in der Gemeinde Contern

D’Gemeng Conter huet den 3. Abrëll seng „Grouss Botz emol anescht“ ënnert Anhalung vun alle virgeschriwwene sanitäre Sécherheetsmoossnamen organiséiert. Wärend dëser flotter Aktioun kruten d’Participante vun der Gemeng op véier verschiddene Statiounen – an al Uertschaft eng – an och am Gemengenhaus Händschen an Tuten zur Verfügung gestallt. De Schäfferot vun der Gemeng Conter seet deene ville Leit e grousse Merci, déi fläisseg matgehollef hunn, d’Gemeng méi propper ze maachen – zum Wuel vun der Ëmwelt a vun all Awunner.