Changer d'édition

Ofwiesslungsräiche Gesangsnomëtten

Dëser Deeg bei herrlichem Fréijoerswieder huet de Fernand Scheller als Solosänger mat senger imposanter Bariton-Supérieur-Stëmm de Bewunner am Bannenhaff vun der Résidence des Ardennes zu Klierf fir een ofwieslungsräiche Nomëtten mat vill bekannte Lëtzeburger Stecker, a mat en etlich Fréijoerslidder gesuergt. De Programm gouf mat engem oprecht erhaalenen Ofstand an dëser spezielller Zäit virgedroen. Dobäi waren ët Wierker vum Dicks, Edmond Lentz,…. wéi „ d’Blo Blimmchen“, „T’si vill schéi Rousen an der Staat“, „d’Pierle vum Dag“, „Heemwéi“, „ Aus der Kannerzäit“, a vill anrer. Den ausgezeechente Gesang gouf vun alle Nolauchterer mat vill Applaus honoréiert. Vun de Bewunner houch ët am Schluss, "sou een flotte Nomëtten misst unbedingt nach eemol widderholt ginn".