Changer d'édition

Vakanz mat der FAL

Och fir déi Kleng ass bei eise Vakanzekolonien eppes dobäi: Nieft der Vakanz op der hollännescher Küste fënnt dës Woch och eng Vakanz fir Kanner mat Autismus statt. Fir dass hir Elteren am Noutfall schnell kënnen op der Plaz sinn, fënnt dës Vakanz hei zu Lëtzebuerg am Mariendall, am Mierscher Kanton, statt. Mir wënschen och hinnen eng schéi Vakanz mat wäertvolle Momenter! Erhuelung a Spaass si garantéiert!


#autismus #lëtzebuerg #ëmmerdo #vakanz