Changer d'édition

En Challenge fir d'FAL

Mam Vëlo eng Strecke vun insgesamt 2000 Kilometer ze bewältegen an esou duerch véier Länner ze reesen an dat alles an nëmmen 20 Deeg: Haut op den Dag ass et genau 1 Joer hier, dass de @Victor Da Costa an den @Helder Goncalves vu @VH X PLOR, sech mat hire Vëloe op dem Wee gemeet hunn, fir vun @Ville de Differdange bis op @Mondim de Basto, a Portugal, ze fueren.


Dëse Challenge hunn si deemools eiser Fondatioun gewidmet. Mir wëllen dës Geleeënheet dofir notzen, fir hinnen nach eemol e grousse MERCI ze soen. Mat dëser Aktioun hunn si eis gehollef, d’Thema Autismus an d’@FAL méi an de Virdergrond ze bréngen.


Jidderee kann gären zu all Moment e wäertvolle Bäitrag leeschten, andeems en eng belibeg Aktioun am Numm fir d’FAL start.


E grousse Merci un all déi, déi bereet sinn, eis ze ënnerstëtzen.


#autismus #lëtzebuerg #ëmmerdo #sport