Changer d'édition

D'FAL feiert hir 25 Joer!

Happy Birthday! Mir freeën eis, Iech kënne matzedeelen, datt eis Fondatioun dëst Joer schonn hir 25 Joer feiert!!


Un dësem ganz spezielle Joer erënnere mir dorun, wisou d’FAL am Joer 1996 gegrënnt ginn ass: Well deemools de Wëssensstand iwwert Autismus hei am Land nach ganz niddreg bis quasi inexistent war, huet sech e Grupp vu betraffenen Elteren zesummegedoen an huet eng Fondatioun gegrënnt, mat dem Zil, eppes géint de Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg ze ënnerhuelen. Si hunn et sech zur Aufgab gemaach, eng op den Handicap ofgestëmmten éischtklasseg Betreiungsstruktur ze schafen, an der d’Autonomie vun hire Kanner geziilt gefërdert gëtt. D’FAL gouf also vu Famillje fir Famillje gegrënnt, an dëst huet sech och bis haut nach net geännert: Säit 25 Joer riicht sech elo schonn d’Entwécklung souwéi och den Ausbau vun eise Servicer un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen. Sollt Dir also ee bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.


Mir freeën eis op e ganz speziellt Joer, an deem mir mat verschiddenen Aktiounen eise Gebuertsdag feiere wäerten!


Vu Famillje fir Familljen. An dëst elo säit 25 Joer.


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #happybirthday #birthday #25joer