Changer d'édition

D'Bewunner vun de Wunnstrukture vun der FAL sinn an der Vakanz

Nodeems elo schonn déi éischt 3 Gruppe nees heel a sécher aus hirer Vakanz zréck komm sinn, sinn elo d'Residenten aus eise Wunnstrukturen un der Rei. Och si genéissen hir Auszäit vum Alldag a loossen et sech op der hollännescher Küst gutt goen. Mir wëllen dës Geleeënheet notzen, fir nach eemol all de Familljen, déi eis elo trotz der aktueller Kris hiert grousst Vertrauen entgéintbruecht hunn an hir Kanner mat eis an d’Vakanz fuere gelooss hunn, Merci ze soen. Mir wëssen dës Vertrauen ze schätzen a si frou, eise Beneficiairë kënnen eng schéi Vakanz ze bidden.