Changer d'édition

D' MARIA KOHNER-HUBERTY huet 85. Gebuertsdag gefeiert

Viru Kuerzem huet d' Maria KOHNER-HUBERTY vu Colmer-Bierg mat sénge 4 Kanner Dani, Jacques, Romain, Pol, sénge Schwësteren, enger Reih Famillgememberen a Frënn 85 Käerzen ausgeblos. Gefeiert gouf zu Bierden "A Maesch". Vun halwer 12 unn hunn sëch déi gutt opgeluegte ronn 40 Lait no an no afonnt. Nei Bekanntschafte goufe gemaacht an nei Gesiichter hunn sëch enaner virgestallt. Beim Apéro goufen Häppecher gereecht. D'Kanner hunn sech ëm d'Chipsen an d'Kakuette gestridden. Fir d'Entrée an de Menu, een ausgezeechente Veau.Orloff mat sénge Bäilagen war ee Metzler vun Ettelbréck, bekannt fir säin exzellente Party-Service, engagéiert ginn. Verschidde Lait hunn de Wee zweemol laanscht d'Dëscher fonnt, fir sëch nach emol verwinnen ze loossen.Ët war nit einfach, sëch bei de verschiddenen Zorten Zalot ze entscheeden. Déi méih Jonk hunn sëch eng Freed an Éier draus gemaacht, deene manner Jonken a speziell dem Gebuertsdaagskannd d' Iessen op hir Plaz ze droen.

Wéi dunn de grousse Gebuertsdaagsbond mat dräi Käerzen, déi wéi ee klengt Freedefeier Fonke gespaut hunn, gouf ferm applaudéiert an ee kräftegen Happy Birthday ugestëmmt. Dem Maria koume vu freedeger Réirung Tréinen .Verschidden originell Geschenker goufen dem iwwerraschte Maria iwwerreecht. Den Eedem Marc huet uschléissend de Gebuertsdaagsbond a Portioune geschnidden. D'Lea an de Vic hunn hirem Papp dobäi nogekuckt. Fir déi séiss Desserten haten de Jacques an d'Jeanne gesuergt. Schokelasmousse, Tiramisu an Ärdbircrème hu munchereen verféiert. Déi schéi Stonne sinn séier riwergaang. Géint halwer sechs hunn sëch déi éischt op de Wee fir heem gemaacht. Vetschiddener wäerten heemlech vun deem gudde Wieder profitéiert hunn, fir nach ee klengen Trëppeltour ze maachen, wat dem strapazéierte Mo gudd gedo huet. Anerer hunn als Medezin nach eng gudd Drëpp genoss.