Changer d'édition

ASIVEMA VISITE BEI DER RTL UM KIERCHBIERG

Den 4. Februar 2020 wor eng Equipe vun der ASIVEMA op Visite beim RTL.

Eng ganz leiw a kompetent Damm huet eis duerch di ganz Studioe gefouert an erklärt wie di verschidden Sendungen vum Radio a vun der Télé gemach ginn.

Wat immens beandrockend wor as : fir nëmmen e puer Minuten Sendezäit musse si eng etléch Stonnen dru schaffen, eppes wat een ni geif mengen.

Et wor immens interessant wann e mol gesäit wie rieseg grouss dat ganzt Gebäi as.

Alt nees eng Kéier eng flott a gelongen Aktivitéit vun der Asivema.