Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU RANDSCHELD

Mir woren all frou dass mer erëm konnten wandere goen, mat denen neidegen Sanitären Secherheetsmoossnahmen sinn 17 Leit matgewandert.

An der Gemeng Wahl, am klengsten Duerf aus dem Land, zu Randscheld, bei der Thillevogtei, as eisen Tour lass gaangen.

Mat villen historeschen an interessante Eenzelheeten huet eise Guide eis iwwert d'Gewaan bei d'Schuerelserschlass begleet.

Dat Schlass läit matten am Bësch, verwuess an trotdem beleift a bekannt.

Eng historesch Anekdot: d'Schuerelserschlass wor wahrscheinlech eng Fluchtbuerg vun den Hären vun Useldeng, duerch seng verstoppte Lag am Bësch kann een se bal nët vu waiten erkennen. Den Ursprong vun der Buerg geet wahrscheinléch op +/- 1298 zréck.

Zum Schluss hu mer nach d'Randschelter Kierch besicht di am 10 Joerhonnert zu Eieren vun allen Hellegen gebaut gouf.

Eréischt am 16. Joerhonnert gouf d'Kirch dem Hlg. Willibrord geweit.

En interessanten Tour deen de Leit Loscht gemach huet fir nach eng Kéier erëm ze kommen.