Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU PERLE

Bei beschtem Summerwieder as den Asivema Apéro-Tour zu Perlé gewiescht.

Mat villen begeeschterten Wanderer, an ënnert der Leedung vun eisem Guide, krute mer Erklärungen zu der renovéierter Porkierch an och zu der Wolwener Klaus mat hirer interessanter Geschicht.

Duerch d'Gewaan si mer erëm Richtung Perel komm, laanscht d'Fliegerdenkmal.

Eise nächsten Apéro-Tour as Sonndes, den 29. September 2019 zu Kärch beim Schlass, um 09.00 Auer.