Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU OUWER MARTEL

Viru kurzem hat d'Asivema sech zu Marteleng getraff, dono as et de Bierg ausgaang Richtung Wolwener-Klaus.

Mir konnten deen wonnerbaren Ausbléck iwwert d'Gewaan geneisssen, dunn gong et bei de Musée de l'Ardoise.

Mat enger Visite guidée hunn mer de Site besicht, op deem nach ganz vill aal Maschinnen stinn, do konnte mer eis e Bild machen wéi schwéier d'Leit fréier do geschafft hun.