Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU MERTZIG

De lëschte Sonndeg am März hun séch d'Memberen vun der Asivema zu Mertzig am Centre Turelbach getraff fir zesummen mat der Grénger Kommissioun vu Mertzig den Themewee ze entdëcken (dat ganzt wor fir den Relais pour la Vie)


Zu Mertzig woren an der Zäit vill Steekaulen, wou roude Sandsteen ofgebaut gouf.

Bis haut prägt den typesche roude Sandsteen vill Häiser, Kiirchen, Buergen, öffentléch Gebeier: wéi d'Gemeng zu Woltz, d'Bezirksgeriicht zu Diekirch, den Kräizgang am Klouschter zu Vianden, d'Schlassbréck an der Stadt oder nach de Portal an der Abtei zu Clierf.


D'Duerf Mertzig gett et seit dem Joer 762 (ënnert dem Numm " Marciaco") domat as Mertzig méi aal wéi z.B. Feelen an domat eent vun den eelsten Dierfer am Land.


Op desem Themewee konnte mer op 12 themateschen Statiounen d'Geschicht an d'Particularitéiten vun Mertzig entdecken, d'Millen, d'Steekaulen, d'Steebrochindustrie an och e grousse Kräidergaart.

Begleed gett de Wanderer vun verschiedenen Landartkonschtwierker an Biller vum Sosthène Weis.


En interaktive Wee, den ëmmer fir d'Leit op ass.

Dono si mer nach eng gut Weil duerch de Bësch getrëppelt anerëm am Centre Turelbach eraus komm.

Eisen nächsten Tour as zu Biissen, den 25. Abrëll 2021. R.V. um 09.00 Auer um Maart (rue de la Chapelle, hannert der Rochus Kapell um Parking bei der Grillplaaz.