Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR ZU KOERICH

Den 29 September wor zu Kärch eise all monatléchen Apéro-Tour.


Eng 30 begeeschter Wanderer sinn, ënnert der Féierung vum Guide, dem H. Jeannot Weber, durch de fréiere Steebroch (wou d'Steng vun der Kärcher Kierch hierkommen) an durch den Härebësch,

lanscht d'Fligerdenkmal iwwert d'Gewann laanscht de Site vun der SES (Sindicat des Eaux du Sud) an Richtung Greiweschlass gaangen.


Eise Guide huet eis ganz vill interessant Informatioune geliwwert, iwwert de Bësch, d'Natur, d'Vegetatioun an iwwert di deif Kollen.


Do goufen mir an dem nei renovéierten Schlass, aus dem Joer 1340, vun der Kärcher Gemeng mat engem Apéritif emfaangen.


Eis nächst Wanderung as den 27.10.2019 um 09.00 "op der Drëps" (hannert der Thillsmillen) teschend Koplescht a Mamer.