Bei schéinstem Hierschtwieder wore mer rem um Tour duerch di wonnerbar Natur am Mierschergronn, Richtung Kräizerbuch, duerch de Bësch a laanscht di aal Zuchestreck (haut eng flott Velospist) rem zréck bei de Centre Polyvalent.
Bei den Habschter Quellen krute mer vum Syndicat d'Initiative vun Eischen, eng Iwwerraschung offréiert,
e gudde Patt mat allem drum an dran, dofir soen mer villmols Merci.
Eise nächste Rendez-Vous as zu Ollem, um Parking vis-à-vis vum Sicona den 22. Dezember 2019 um 09.00 Auer.