Changer d'édition

ASIVEMA APERO-TOUR RONDEM COLPECH

Enn Abrëll, bei schlechstem Wieder, awer gudd gelaunt, huet d’Asivema sech dach mat 16 Trëppler op de Wee gemat.

Mat villen Erklärungen an Annekdoten huet de Pit Knaus eis duerch de Park vu Koulbich, iwwert Gewan laanscht Kräiz op Uewerkoulbich geféiert.

Et gong bis an d’Belsch op Grendel mat dem Marais de Grendel a senger vielfältig an interessanter Vegetatioun.

Weider beim eleganten Koulbicher Schlass, ware mir am Park bei de Griewer vun der Madame Aline an Här Emile Mayrisch, am wonnerbar erhalenem Gaard an de Skulpturen vu bedeitenden Artisten.

Fir de nächsten Aperotour as d’Asivema erem sonndes, de 26 te Mee um 09.00 Auer hannert der Kiirch vu Miersch um Rendez-vous».