Changer d'édition

Op de Spure vun den Éisträicher zu Lëtzebuerg ( 1715-1795)

Op de Spure vun den Éisträicher zu Lëtzebuerg (1715 - 1795) war den Titel vun der Konferenz am Baueremusée zu Bënzelt mam Deputéierten André Bauler. D'Basis vun dëser Konferenz war den 300. Gebuertsdag vun der Keeserin Maria Theresia.(*13.Mee 1717 ) Weider folgend Episoden aus der Geschicht goufen virgedroen.Wien huet eis déi Zäit regéiert?

Wat fir gesellschaftlech Verännerunge goufen an d’Wee geleet?

Goung et der Bevëlkerung op materiellem Plang besser?

Wéi ass et eise Baueren an Doléiner gaang?

Wien ass an d’Land agewandert?

Wat fir Familljennimm stamen aus dëser Zäit?

Wat fir architektonesch Wierker sinn eis aus dëser Zäit nach erhal?

Wéi huet sech d’Relatioun tëscht dem Staat an der Kierch entwéckelt?