Changer d'édition

Grouss Botz an den Dierfer Bënzelt-Holler-Bréideld

Op Initiative vum Interesseveräin Bënzelt-Holler-Bréideltwar och dëst d'Joer déi traditionell grouss Botz an den dräi Dierfer aus der Gemeng Wäiswampech gestart ginn, fir den illegal weggeworfenen Dreck aus der Natur opzerafen. Trotz de Botzaktiounen déi all Joer duerchgefouert ginn, fënnd ee einfach ëmmer nach zevill Offall, de nët dohin gehéiert.

Am Ofschloss vun der Botzaktioun wor et de Veräin vu Gaart an Heem Holler, Bënzelt, Bréidelt déi fir d' Belounung mat Guddes vum Grill, an e Stéck hausmacher Taart gesuarrigt haten.