Changer d'édition

Zanter 25 Joer durch Déck an Dënn

Beetebuerg. D‘Beetebuerger Chorale Municipale Sängerfreed an hir Dirigentin Nancy Back-Kelsen kéinten dëst Joer hir Sëlwerhochzäit feieren. Mat dëser Bemierkung huet de President Lucien Einsweiler d’Generalversammlung vum gemëschte Chouer Sängerfreed opgemaach. Sou ass zanter 25 Joer d’Madamm Nancy Back-Kelsen Dirigentin vum Chouer. An hien hofft, datt de Chouer nach laang Joren vun hiieren iddeenraich a fachleche Kompetenzen kann profitéieren.

A senger Begréissung huet de President alle Memberen fir hiren Asaz Merci gesot. Trotz Pandemie an doduerch bedéngte Restriktiounen konnten nei Memberen opgeholl ginn. An d‘Gestaltung vum neie Proufsall zu Hunchereng gouf de Chouer vun der Gemeng mat agebonnen.

Am Moment ass de Chouer amgaang fir de Concert spirituel an fir déi 3 Concerten fir d’Kulturjoer Esch 2022 ze prouwen. D’Feieren zum 100-järegen Bestoen wärte mam Schlassconcert 2022 e würdegt Enn fannen.

Donieft huet de Riedner dem Kannerchouer Les Enfants de l’Alzette an dem Männerchouer Cantus Gaudium Merci gesot, fir déi gemeinsam Gestaltung vum Benefizconcert am Park Jacquinot am Juli vun dësem Joer.

An hirem Rapport huet d’Sekretärin Jeanny Kettel bedauert, datt all Manifestatiounen zum 100. Anniversaire wéinst der Pandemie hu missen annuléiert ginn. Allerdéngs gëtt de 5. Dezember 2021 d’Paukenmass vum Joseph Haydn an den Te Deum vum Marc Antoine Charpentier opgeféiert. D’Mass fir déi verstuerwe Memberen ass de 6. Februar 2022, de Lëtzebuerger Owend am Schlass zu Beetebuerg zesumme mat der Moselle Valley Brass Band geet den 13. an de 15. Mee 2022 iwwert d’Bünn, de Schlassconcert an deemno den Ofschloss vun den 100 Joresfeier ass dann den 10. an den 12. Juni 2022.

Als Datumen fir d’Concerte fir Esch 2022 goufen den 1, den 3, an den 7. Juli 2022 festgehalen.

Zu Éirememberen vun de Sängerfreed goufen de Fernand Fastro, d’Nicole Fastro, de Jos. Koep an de Jean Milmeister ernannt. De Chouer ziilt am Moment 88 Memberen, 33 Sopran, 21 Alt, 16 Tenor an 14 Bassisten. An all Prouf bei den Dammen waren Daisy Gangler a Malou Sauveur, bei den Hären de Jos. Bausch. Als Vertrieder vun der UGDA huet den Bernd Uhlein de Claude Bettendroffer fir 10 Joer Memberschaft ausgezechent, fir 30 Joer de Jos. Bausch, d’Annette Michels an d’Régine Polivka, fir 40 Joer d’Flora De Zorzi a fir 50 Joer d’Christiane Thinnes.

De Präsident vu Beetebuerg hëlleft Roby Biwer huet eng Spend vun1 1400 Euro krut, dëst Geld kennt enger Schoul op de Kapverdeschen Insele zegudd, sou de Roby Biwer a sengem Merci. Pierre Mousel via mywort