Changer d'édition

Konveniat vum Joergang 1959 aus der deemoleger "Nei Schoul" vu Beetebuerg

All fënnef Joer treffen sech déi fréier Schüler vum Joergang 1959 aus der deemoleger "Nei Schoul" - haut heescht se "Reebouschoul" - fir e puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen. Och hiert Léierpersonal gëtt ëmmer invitéiert an des Kéier waren hire Schoulmeeschter Michel Schaack an och den Här Paschtouer René Reuter, deen se an der Relioun haten, derbäi. Schonn am Nomëtteg war eng guidéiert Visite vun der flotter Uertschaft Rodemack ugesot. Well deen Dag herrlecht Wieder war, war déi natierlech besonnesch agreabel. An interessant souwisou, well d'Guide bei all Geleeënheet flott Anekdoten erzielt a vill Bezich zu Lëtzebuerg gemaach huet. Duerno goung et dunn an de Restaurant "La Rameaudière" op der Ellenger-Gare. Bei engem exzellente Menü goufen do nach vill Geschichte vu fréier a vun haut ausgetosch an de flotten Dag ausklénge gelooss. Well leider net méi all Kollege vun deemools konnten derbäi sinn, gouf och un déi verstuerwe Klassekomerode geduecht. Op der Foto - déi am Nomëtteg zu Rodemack vun der Guide gemaach gouf - sinn ze gesinn (vu lénks no riets): 1. Rei: René Reuter, Carole Medernach, Monique Birel, Romy Hutmacher, Anny Theis, Michel Schaack, Mariette Frank, 2. Rei: Leo Schaus, Denise Helmus, Michel David, Marie-Paule Hammerel, Maggy Juncker, Jean-Paul Hammerel, Christian Hoerold, Jean-Marie Jans (et feelen d'Brigitte Becker an de Robert Apsner, déi eréischt méi spéit derbäi koumen).

Plus de nouvelles de Jean-Marie Jans-Frank >