Changer d'édition

Concert spirituel zu Beetebuerg

Grousse Succès hat de Concert Spirituel den 2. Adventsonndeg an der Dekanatskierch vu Beetebuerg. D’Chorale Municipale « Sängerfreed » Bettembourg ënner der Leedung vum Nancy Back-Kelsen mam Orchester Estro Armonico an de Solisten Gaby Wolter-Boever, Kiara Sealy, Paul Feitler a Carlo Migy hun e flotte Programm viirgedroen. Et waren dat Missa Brevis in B, Inter natos mulierum vum Wolfgang Amadeus Mozart, Lauft ihr Hirten allzugleich vum Michael Haydn, Uns ist ein Kind geboren vum Gottfried August Homilius a bekannte Chrëschtlidder déi an déi besënnlech Zäit gepasst hunn.
(Foto Lucien Wolff)