Changer d'édition

Kiermesham opgedëscht vun der Amicale Pompjeeën Préizerdaul

Préizerdaul: Wor et eng Zäit op der Préizerdauler Kiermes zimlich rouig an der Gemeng, sou koum d’Amicale Pompjeeën Préizerdaul op d’Iddi fir de Läit mol eppes neies ze bidden an domadder och e puer gemittlich Stonnen zesummen ze gönnen. An engem flottem Kader am Centre culturel ass um Virowend vun der Préizerdauler Kiermes niewt Kiermesham oder Kiermeswuppen mat Fritten an Zalot, Kaffi an Dessert opgedëscht gin. Iwert 60 Leit aus der Gemeng an och doriwwer eraus haten sech ugemellt a konnten dess Delikatessen mat engem gudde Patt mat der Animatioun vum DJ Mani a gudder Gesellschaft genéissen. Natirlich sin d‘3G Corona Reegelen bei desem Fest och strikt agehaale gin. Di grouss Nofro war de bäschte Beweis, dat et de Leit och gut geschmaacht huet. Fir dest éischt Event an deser Form konnt den Organisator och bëschtens zefridde sin. (CR) (Foto: Charles Reiser)