Changer d'édition

Francine a Charel Reiser - Beckerich sin 50 Joer bestued


Préizerdaul: Am Krees vun hirer Famill a Frënn hun d’Francine Beckerich aus dem Préizerdaul an de Charel Reiser vun Uewerfeelen viru kurzem hir gëllen Hochzäit gefeiert. No dem offiziellem Akt op der Gemeng mam Buergermeeschter Henri Diederich war d’Hochzäitsmass den 5. August 1972 an der Kierch am Préizerdaul zelebréiert vum Paschtouer Martin Schroeder. Am September 1974 sin si an hirt neit gebauten Haus am Préizerdaul agezun. Mat grousser Freed goufen hir zwee Kanner Yves an Danielle gebuer. Haut gehéieren di zwee Enkelkanner Michelle a Claire zum Stolz vun der Famill. Zesummen ass d’Glas erhuewe gin op weider schéi Joeren geprost gin. (CR)