Changer d'édition

Flotten Lëtzebuerger Mëtteg bei der Amicale Pompjeeën Préizerdaul"

Den traditionellen Lëtzebuerger Mëtteg organiséiert vun der Amicale Pompjeeën Préizerdaul, den all Joers am Oktober am Kulturzenter zu Platen stattfënnt, war trotz denen schwierigen Zäiten fir all Veräiner am Land, en Erfolleg. Iwer 70 Leit hun dovunner profitéiert, vir e puer Stonnen mat enger Paschtéit oder enger Choucroute um Menü ,zesummen ze verbrëngen. Och den Service Take Away hat groussen Uklang font. Eise Kach, de Claude mat senger Madame hat alles extra gut prepareiert an et hat och jiddferëngen gut geschmacht. An dann och nach eis eifrig Dammen déi fräiwëlleg de ganze Mëtteg mat de Leit vun der Amicale fir de gudden Service gesuergt hun, en extraen Merci. Alle Leit déi Präsenz op dësem Lëtzebuerger Mëtteg ewissen hun, och e ganz grousse Merci. Dann ass et bis dat nächst Joer um Lëtzebueger Mëtteg am Préizerdaul. (CR )

FOTOEN: Charel Reiser)