Changer d'édition

Erënnerung un déi di hiert Liewen fir eis missen hier gin !


Préizerdaul: Am Kader vun den Kommemoratiounsfeierlichkeeten déi jeweils Ufank Oktober am ganze Lëtzebuerger Land ofgehaale gin, ass och am Préizerdaul un enger klenger Gedenkfeier beim Monument un di vill Männer a Fraen geduecht gin, déi hirt Liewen am zweete Weltkriich hu misse loosen. A senger Laudatio huet de Buergermeeschter Marc Gergen dorop higewissen, dat 20020 a villen Hisichten eent ausnahmt Joer ass. Niewt dem grozussen Amerika wou den aktuelle Präsident versicht duerch d’Spaltung vu sengem Vollek dess Wahlen ze gewannen- am Belarus/Weissrussland greift den Diktator zu alle Mëttelen fir un der Muecht ze bléiwen an och an Armenien an Aserbeidschan gët et e Konflikt wann nit esou e Krich an dann natiirlich Corona an Covid-19 wou mir an der sanitärer Kris hu misse feststellen wéi eenig Europa sich ass. Mol sin d’Grenzen zou, dann nees erëm op. Et gesäit een also dat eis Welt momentan bei weitem nit esou stabil ass, wéi dat nach viru Joeren nach de Fall war. Em esou wichtig ass et fir eis um Dag vun der Commémoratioun un dat ze erënneren wat virun knapp 80 Joer an Europa an op der Welt lass war. An dat war den zweete Weltkrich wou onvirstellbart Leed, 60 Miliiounen Affer dorënner 5700 Fraen a Männer vu Lëtzebuerg hun hirt Liewen misse loossen. Mir hun eis haut all héi versammelt fir all denen Doudesaffer ze gedenken, déi hirt d’Liewen fir eis Freiheet hu misse hier gin. Duefir wa mir och können haut an engem fräien demokratische Land liewen an dat well der vill aus deenen Generatioune virdrun eis dat schwéier hu misse erkämpfen. Ënnert de Kläng vun der „ Sonnerie aux morts“ ass dunn eng Gerbe beim Denkmal niddergeluecht gin. Als Ofschloss vun deser Gedenkfeier, huet di Préizerdauler Musik d’Heemecht gespillt. (CHAREL REISER)