Changer d'édition

Erënnerung an déi, déi hirt Liewen fier eis hier gin hun


Préizerdaul: De nationale Gedenkdag geht op den 10. Oktober 1941 zerëck. 76 Joer sin an der Zwëschenzäit vergaangen, wou Lëtzebuerg no méi wi véier Joer Ënnerdréckung duerch di nationalsozialistischen Machthaber vun alliéierten Stäitkräften befreit gin ass. Nom Gottesdingst, den vum Paschtouer Mathieu Janssen zelebréiert gin ass, koum et ënnert de Kläng vun der Sonnerie aux morts, zur eigentlichen Gedenkfeier mam Nidderleeën vu Blummen beim Monument. A senger Ried huet de Buergermeeschter Marc Gergen drun erënnert, dat et elo 76 Joer vergaange sin, dat den zweete Weltkrich ob en Enn gaang ass, wou 70 Millioune Mënschen derbéi hirt Liewen verluer hun. Et ass elo un eis All duefir ze suergen dass dat nit vergiess gëtt, an dass esou eppes sech ni méi widderhëlt. Awer geet dat duer fir just ee Mol am Joer hei drun ze erënneren ? Musse mir nit all Dag mat klenge Gesten, zemool eisen Nowuess mat op de Wee gin, wéi wichtig de Fridden an der Welt ass. Bei alle Spannungen di et momentan an der Welt gëtt, heescht et och an Zukunft virsichtig ze sin. Mam Ofspillen vun der Heemecht huet dess ergréifend Gedenkfeier hiren wirdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)