Changer d'édition

Jeanny Gloden- Muller huet hiren 100. Geburtdag gefeiert

Fit mat 100 Joer

D’Jeanny Gloden-Muller huet hiren 100. Gebuertsdag gefeiert

Rollingen/Miersch. Am Familljekrees huet d’Jeanny Gloden-Muller hiren 100. Gebuertsdag am Blannenheem zu Rollingen gefeiert. D’Jubilarin gouf den 2. Juni 1919 zu Leideleng als 3. vu 4 Kanner vun hiren Elteren Jean-Pierre Muller an Elise Muller gebuer. No der Primärschoul zu Leideleng huet si zu Habay-La-Neuve d’Haushaltungsschoul besicht: “ mir waren zu 16 an der Klass, an ech krut am Bitzen als Eenzegt d’Note *la plus grande distinction*“. Als jonkt Meedchen huet si wéi all Bauerekanner aus där Zäit zolidd missen am Betrib mat upaken. Si huet och de Stot gemaach, well hir Mamm scho fréi verstuerwen ass.

1945 huet si de Jos Gloden vun Elveng bei Mondorf bestuet. Aus hirem Bestietnes sinn 3 Kanner ervirgaangen; d’Cilly, de Paul an de Justin. D’Famill hat bis d’Enn vun de 60er Joren zu Elveng e Bauerebetrib, wou si ëmmer fläisseg matgeschafft huet. Si war ëmmer fir hir Famill do. D’Jeanny huet gären gekacht a gebak. Strécken a Bitzen waren nieft Gaardenaarbecht hir Liiblingsbeschäftegungen.

Duerno huet d’Famill zu Biereng bei Miersch gebaut. Mam hirem Mann huet si ganz vill Trëppeltier gemaach. Leider ass de Jos 1996 verstuerwen.

Vun 1997 bis 2015 huet d’Jeanny an hirem Appartement zu Miersch gelieft. Bis zulescht huet si selbststänneg hire Stot gemaach. Fir Basaren huet si vill gebutt a brodéiert: “Honnerten vu Schiertercher hunn ech gebitzt” erënnert si sech haut nach.

Mat 96 Joer huet si hiert neit Doheem zu Rolleng am Blannenheem fonnt. Reegelméisseg bitzt d’Jeanny haut nach a spillt och nach gären mat der Kaart. Dem léiwen Personal am Blannenheem hëlleft si och nach quasi all Moien Dicher opfalen. Och wann si fir hir alldeeglech Spadséiergäng e Rollator benotzt, ass si kierperlech a virun allem geeschteg nach ganz fit: “No der Mëttesrascht liesen ech nach all Dag d’Wort”.

Haut ass si stolz Bomi vun 7 Enkelkanner, vun deenen een leider ganz jonk gestuerwen ass, an Urgroussmamm vun 8 Urenkelen.

Zu hirem Éierendaag huet de Generaldirekter Jean- Paul Grun de Liewenslaaf vun der Jubilarin Revue passéieren geloos an huet am Numm vum Personal vum Blannenheem di allerbëscht Glëckwënsch iwerbruecht.

Duerno krut d’Jeanny Gloden- Muller vun der Familljeministerin Corinne Cahen, Geschenker vum groussherzoglechen Haff iwerrreecht an ass och nach am 'Ordre de Mérite' vun der Regierung ausgezeechent ginn. Och vum de Mierscher Buergermeeschter, Michel Malherbe mat sengem Schëfferot huet am Numm vun der Gemeng Miersch der Jubilarin herzlich gratuléiert. (FOTOEN: CHAREL REISER)