Changer d'édition

Konveniat vun de Joergäng 1931-1944 zu Biereng bei Miersch

Konveniat vun de Joergäng 1931 bis 1944 zu Biereng bei Miersch

Viru kuerzem hunn sech 24 Schoulkomerode vun de Joergäng 1931-1944 zu Biereng bei Miersch erëm gesinn, fir hire Konveniat zesumme mat hirer Léierin Maria Schilling ze feieren. Den Här Dechen Félix Steichen huet d’Mass gehale fir all lieweg a verstuerwe Membere vum Konveniat, begleet vun engem klenge Grupp vu Sängerinnen a Sänger aus der Par. No der Mass hunn d’Frënn vum Konveniat sech „A Guddesch“ getraff fir sech de Menü gutt schmaachen ze loossen. No e puer gemittleche Poterstonnen huet déi kleng Feier hiren Ofschloss fonnt, mat dem Wonsch sech 2020 erëm ze gesinn.

Text/Photo: Henri Krier

%����