Changer d'édition

90. Gebuertsdag vum Nicolas Mariany genannt Néckel

De Mariany’s Néckel huet 90 Joer gefeiert. Gebuer den 12. Februar 1930 zu Rued bei Ell als eent vu 7 Kanner, huet sech den Néckel am Joer 1954 zu Baastenduerf mam Cécile Warken bestuet. De 27. Abrëll 1957 sënn si zesummen ob Bäertref an d’Strooss um Wues geplënnert. Wéi bal all Awunner um Land haten si e klenge landwirtschaftleche Betrib. Den Néckel huet awer haaptberufflech bei der Aarbechterequip vun der ASTA geschafft a gehollef landwirtschaftlech Weeër am ganze Land an d’Rei setzen. Hien ass och séit en zu Bäertref wunnt Member an de Pompjeeën an huet laang Zäit mat Stolz bei offiziellen Uläss de Fändel gedroen. Wittmann säit 1994 huet hien dunn viru gutt 2 Joer decidéiert säi Liewensowend am Belle-Vue zu Iechternach ze verbréngen. Den Néckel ass Papp vu 5 Kanner, 5 Enkelkanner an engem, deemnächst souguer 2 Urenkelkanner.

De Bäertrëffer Schäfferot huet et sech net huele gelooss sengem laangjärege Bierger am Kader vun der Feier mat senger Famill, d ‘Félicitatioune vun der Gemeng fir säin 90 Joresdag ze iwwerreechen.