Changer d'édition

Theater Frënn Bieles ënnerstëtzen d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Wéi all Joer hunn Theater Frënn vun Bieles ee flott Theaterstéck opgefouert. Hier Virstellungen waren gutt besicht an de Publikum ass zefridden an begeeschtert Heem gaangen.

Theater Frënn vun Bieles hunn hiert Steck fir een gudden Zwéck gespillt. Sie hunn eng Kollekt vun 1.000.-€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent an ënnerstëtzen esou den Kampf géint de Kannerkriibs.