Changer d'édition

KMK Kabarett Mars Klein

WANN E SALAMANDER MAT DEM FEIER SPILLT


Litteraresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg.


Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder populisteschem Beschass steet KMK fir Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson. Wuertspillerei a satiresch Kritik wiësselen sech och am neie Programm of, deen am éischten Deel e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten iwer Lëtzebuerg auspaakt.


Mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent Schauspillerinnen a Sängerinnen niewt sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano.


D’Texter vun däitschen Auteuren a vum Mars Klein selwer gi gespillt op Lëtzebuergesch an Däitsch.


De Spektakel dauert 2 x 40 Minutten.


Präis : 20€ (15€ < 16 ans)


Umeldung : www.dmillen.luinfo@dmillen.lu • +352 691 510 370/371


Centre Culturel Nic. Bosseler - 3, Huewelerstrooss L- 8521 Beckerich